COUPE DE LUXEMBOURG

12th May 2024

club logo

DC Never Check


COUPE DE LUXEMBOURG


No engem schéinen Parcours an der Coupe de Luxembourg hunn eis Jongen sech an der Hallef-Finale no engem haarde Kampf misste geschloen ginn, an ereeschen domat déi nämmlecht Coupe Placéierung wei och am leschte Joer.


Hei e klengen Récapitulatif vun eiser 23/24 Coupe-Saison:


Den DC Never Check huet an dëser Saison 3 Equippen un den Depart geschéckt, wouvun 2 Equippe leider améischtenTuer ausgescheet sinn.
Eisdrëtt Equipehuet den éischten Tuer d'Simply Mates zougeloust krut, an ass mat enger 5-1 Victoire an d'Aachtels-Finale avancéiert. Do sinn d'Jongen da géint de Brooklyn Zoo B gefall, wou siesech mat 5-2 duerchgesat hunn, a waren domat ënnert de leschten 8.
Gëschter hu sie dann d'Véierels-Finale géint Double Hunters 2 gespillt, wou sie sech mat 5-3 hiren Ticket fir d'Hallef Finale erschafft hunn.
Leider sollt et awer hei géint Trois Frontières 1 net duergoen, wou sie sech no engem haarde Kampf dann 2-5 musse geschloen ginn.
Felicitatiounen un Trois Frontières a Bonne Chance an der Finale.


Domat kennt eis 2023/2024 Saison op en Enn a mir bedanken eis u jiddereen den eis ënnerstëtzt huet.
An den nächsten Deeg kennt dann och op eise Soziale Medien, esou wei och op eisem Internet-Site en Artikel iwwer eis Championnats- a Ranglëscht Resultater.



image