CHALLENGE DC NEVER CHECK GOES GREEN EVENTS

23rd August 2024

club logo

DC Never Check

image

CHALLENGE DC NEVER CHECK GOES GREEN EVENTS

 

Den DC Never Check ass den Ă©ischten Dartstournoi zu LĂ«tzebuerg, deen de Logo Green Events kritt huet 🌍💚đŸ’Ș♻

 

Duerch d’Erhale vun dĂ«sem Logo gĂ«tt dĂ©i nohalteg a klimafrĂ«ndlech Organisatioun vun dĂ«sem Tournoi souwuel Ă«nnerstrach ewĂ©i och unerkannt, woubĂ€i mĂ€r besonneg op dĂ©i nofolgend KritĂ€ren vill WĂ€ert leeĂ«n:

 

 Keen Eewee-Artikelen. Fir d'Gedrénks Glieser an -Tasen. Normalt Besteck beim Iessen.

 E ganz groussen Deel vum Iessen a Gedrénks wat ugebuede gëtt, ass lokal, regional, bio oder Fairtrade

 Verzicht op Plastik esouwÀit et méiglech ass

 SchĂ«lder a MarkĂ©ierunge fir d’Offalltrennung

 Dekoratiounsmaterialien wat ressourcëschounend an erëm benotzbar ass

 LED Luuchten ronderem Dartsscheiwen

 

 

 Och fir MobilitĂ©it ass gesuergt: et gi VĂ«losstĂ€nneren an deen nooste BusarrĂȘt, de ‘Kastill’ ass op 150m. 

All Infoen iwwert Bustrajeten fannt dir op www.mobiliteit.lu

Parkplaze sin der genuch do awer verweisen mir ob den Covoiturage.

 

🙏 E grousse Merci un den Oekozenter Pafendall fir hir formidabel ËnnerstĂ«tzung!

Fir mĂ©i Informatiounen iwwert Green Events: greenevents.lu Â